Moien
Ech wollt mol berichten wéi et um Rallye zu Housen gaang as.
Op der éischter Prüfung keen Problem. Op der 2ter Wp sin mer mat héicher Geschwindegkeet an d'Feld geflunn, well ech vun der Bremspedall erofgerutscht sin an duerno mat de Schong hänkenbliwwen sin. Wéi sech spéider rausgestallt huet, wor en Problem mat der Fixation vun der Bremspedall, sou dass se nemméi an der selwechter Positioun wor wéi virdrun. No dem Ausrutscher wor d'Vertrauen an d'Brems fort an mir hun Speed erausgeholl. Auto an Piloten awer ganz bliwwen.
Schéinen Sonndeg nach