#1

biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 09.01.2012 21:48
von Tom • 1 Beitrag

moien alleguer

Wei gewosst ass jo biergcourse zu treier oofgesot ginn, lo därfen mer jo no ACL kalenner bis an schwaiz fueren.
Freet sech just fier ween, villait deet sportscommission jo besser drunn deenen piloten een speziellen kalenner op ze setzen fier dei, die wellen national mat europameeschterschaft combineieren!

mat sportlichen greiss

Tom

nach oben springen

#2

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 10.01.2012 09:06
von pawel • 19 Beiträge

Gudde Moien,

Ech denken dass villäicht den EM-Laaf vun Tréier duerch en aneren EM-Laaf sollt ersaat ginn. Elo ass deen an der Schwäiz nach am Nootsten. Mir waren eng Kéier dohin e Rallye kucken, Moies dohin, Owes zréck. Daat waren sou ca gutt 300 km iwwert e Col duerch Vogesen. Ob ech des Entscheedung gutt fanne kann ech dir awer mat engem kloeren NEE beäntweren.

Mir hunn säit laangem erëm vill lëtzebuerger Piloten déi mat net all ze groussem Budget Biergcourse fueren a wann een da muss bis ob Osnabrück an an d’Schwäiz rennen ass de Choix séier gemaach. Mir hun schon vill Reaktioune gemailt kritt an no den eischten
Ermëttlunge geet daat do mam Kalenner ganz rapid erof. Waat och sécher ass dohi filme kënne mir och net goen, daat sprengt de Budget fir eng ganz Rei aner Coursen. Et ass eigentlech esou, dass mir dann déi Weekend’er aner Manifestatioune wäerte filme goen, wou mir kee Congé, Budget an Zäit mussen opferen .

Idem mam Rallye, kee Laaf an der Belge an de Rallye de la Chataigne …… naja gitt mol kucke waat déi lescht Joeren do gelaaf ass ….! Mir wäerten do och net sinn. Wann et ee franséische Rallye muss sinn, et ginn der jo nach am Juli/August an de Vogesen an och bei Lille sinn baal all d’nationale Epreuve’en op fir auslännesch Piloten.

Allerdings brauch keen ze fäerten, mir sinn nach wie vor fir d’lëtzebuerger Organisateuren a Piloten do! Mä et wärt awer ganz sécher net méi sou sinn wei déi lescht Joeren, dass mir iwwerall op all Epreuve am Ausland wäerte présent sinn fir e Reportage ze maachen, daat schléit och fir eis ze vill an de Budget an an de Congé!

Villäicht gesäit een sech jo dann zu Chambley, um Stock Car oder an der Belge ob engem Rallye oder enger Biergcourse?

Pawel

nach oben springen

#3

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 10.01.2012 10:20
von Info
avatar

Info Bierg a Rallye - Meeschterschaft 2012

CHAMPIONNAT DU LUXEMBOURG DES COURSES DE CÔTE

09.04. Course de côte de Lorentzweiler
28 - 29.04. Course de côte Abreschviller (F)
05 - 06.05. Course de côte Eschdorf
27 - 28.05. Course de côte Wolsfeld (D)
14 - 15.07. Course de côte Homburg (D)
29.07. Course de côte de Grandcourt (B)
04 - 05.08. Course de côte Osnabrück (D)
18 - 19.08. Course de côte St. Ursanne-les-Rangiers (CH)

CHAMPIONNAT DU LUXEMBOURG DES PILOTES ET COPILOTES DE RALLYES

02 - 03.03. Pfalz Westrich Rallye (D)
28 - 29.04. Rallye vum Ourdall
23 - 24.06. Rallye de Lorraine (F)
03 - 04.08. Rallye de la Châtaigne (F)
21 - 22.09. Saarland Rallye (D)
12 - 13.10. Rallye de Luxembourg
24 - 25.11. Rallye vum Eisléck

nach oben springen

#4

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 11.01.2012 21:53
von jango • 11 Beiträge

Also ech fir mäin Deel hunn decidéiert dest Joer just di 2 Letzebuerger Biergcoursen ze fueren an de Rescht Belge Meeschterschaft. Dat anert sprengt einfach de Budget. Hunn och keen Bock schons freides alles stoen a leien ze loossen fir op eng Course ze fueren. Da léiwer eng gemittlech Klatz dréinen mat de Belge. Chambley sinn jo och rem demnächst e puer Trackdays freides mettes souwéi den superlapbattle. einfach mol kucke goen: www.superlapbattle.lu


Emmer um Gas bleiwen!

nach oben springen

#5

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 12.01.2012 19:25
von De MIni
avatar

jejeje dir wärt jo dei puer km packen .Schwaiz ass dach gail,Vignette fir Auto , Remorque;Nutella,Cola,Frendin;Accu,13 ter Schlessel,Kompressor,Kootz an der Nues .....an de Benzin get och dohanne kaaft an net zu Letzebuerg.Osnabrück ob 500 km ass dach richteg langweileg .

De Mini

nach oben springen

#6

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 12.01.2012 22:52
von Hillracer
avatar

Moien Sportsfrenn
Hunn mir emol fir dei 4 Coursen bannen 5 Wochen een klengen Budget opgesaat ann wor an Fatzekecht gefall waat do erauskoum.
Ouni ze iwerdreiwen an eppes futti ze machen kommen ech op 4000 euro.Do ass nach nett vill Beier dran!!!!
Daat kann ech mir leider nett undonken well mein Papp ass keen Milionär.
Do hält den Hobbysport awer bei mir op.
Startgeld an der Schweitz mat Reklamen wärd des Joer em 400 euro leien.
Dass jo nett all letzebuerger pilot deen do angelueden ass.
Nee dann fueren ech wei vill anerer dei Coursen wou ech kann betzuelen an keng sechs Wochen Congé muss huelen.
Wenchen all Pilot eng schein Saison 2012

nach oben springen

#7

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 15.01.2012 11:40
von jango • 11 Beiträge

Also ech géing et flott fannen wann jidfereen hei op mannst géing ennert sengem Numm schreiwen...fannen dat do bessi traureg dat sech anonym geäussert get.
Wollt dat just mol an de Räum geheien


Emmer um Gas bleiwen!

nach oben springen

#8

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 16.01.2012 12:23
von pawel
avatar

Saluti Jango

Am Prinzip hues de Recht mee wanns de dech alogs gesais de d'email Adressen bsp Hillracer = dien mat dem orangen Kadett (mat der Beierreklamm an de Mini ass een Zuschauer dien souwuel zu letz. wei och am Ausland emmer den Autosport ennerstezt.Ech selwer leschen och e Beitrag wann ech net wees wien et ass ( zumindest muss hien mir e mail schecken ).

Bass du zu Housen derbai ? oder reischt zu luerenzweiler?

pawel

nach oben springen

#9

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 16.01.2012 12:37
von pawel
avatar

Gudd Saach de Rallye de la Chataigne ass net mei um ACL site am Kalenner hoffentlech ass dest keen Irrtum.

nach oben springen

#10

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 16.01.2012 19:37
von jango • 11 Beiträge

Salut Pascal. Keen Thema dat mat de Nimm, mee mengen du gesäis dat aleng wells de Administrator vum Forum bas, kann dat sinn?
Ech schwätzen just halt emmer d'Leit gäeren perséinlech un, méi net! :) Fueren net zu Housen, respektiv keen Rallye. Civic as jo verkaaft an hu mer e Clio Cup ugeschaaft. Well deen net op enger Rallye futti man! ;-) Sinn zu Luerentzweiler um Start, fueren ower méi an der Belge dest Joer. Slalom get och gefuer, leider leider get et do jo rem just den Challenge zu Bitburg.


Emmer um Gas bleiwen!

nach oben springen

#11

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 01.02.2012 21:56
von tom
avatar

wei ech gesinn ass motivation jo grouss fier letz. biergchampionnat, waat steet dann sou un an der belge, wou fennt een dei datumer fier an der belge?

nach oben springen

#12

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 01.02.2012 22:05
von jango • 11 Beiträge

Emmer um Gas bleiwen!

nach oben springen

#13

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 12.02.2012 11:20
von sam
avatar

Also an der Belge ze fueren as 1 gutt alternativ vill schéin strecken, Motosport begeeschtert Leit net wait ze fueren an do get HELLEFSBEREETSCHAFT nach grouss geschriwen an iwerhieflechkeet kléng fueren sèlwer lo schonn 3 joer do an hat nach nie mat eppes e probleem, do sétzen déi Hären déi eppes ze soen hun alles drunn vir dassen pilot eremmkommen an net fortlaafen!

Bis elo wees ech 8 Letzebuerger Piloten déi gesot hun sie géifen dat belscht championat fueren fannen ech flott a vilaicht kent jo nach deen een oder anern derbai ?

Wees elo schonn d'as mer vill spass wärten kréien !

nach oben springen

#14

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 02.03.2012 11:45
von Hillracer
avatar

Elo wou keen Formel 3 mei dierf an der Belsch fueren wärt dann och nach Grandcourt aus dem Championat eraus geholl ginn.

nach oben springen

#15

RE: biergsaison 2012

in Racing zu Lëtzebuerg 05.03.2012 09:23
von pawel
avatar

Salut Hillracer

Kanns du mir just soen wou ech dei Info fannen mat de Formel 3'en an der Belge.

Merci

Pawel

nach oben springen


Besucher
0 Mitglieder und 5 Gäste sind Online

Wir begrüßen unser neuestes Mitglied: lesa
Forum Statistiken
Das Forum hat 66 Themen und 283 Beiträge.