|
|

No chimay wor et erem den Ciuca Romain deen beschten letzebuerger Tourenwon zu felenne an ass am Moment 2ten am general .
den Sondeg erwaarden mir eis erem een spannend rennen um Bierg zu Alle sur Semois wou hien kann Leader am belchen Championat ginn.
Also Rom geff Gaass.



RE: Coupe de la Montagne en belgique
in Racing am Ausland 29.08.2012 12:48von Hillracer • 5 Beiträge
Also wei versprach den Resumé vun Grandcourt.
Wei bei all Rennen hat ech mir erem deen falschen mat schloofen geholl.
Dess Keier wor et den Spuenier deen mech nach bis um 3.oo Auer mat bei den Rodighiero matgeholl huet wou mir nach eng Etappe Karaoke gesongen hunn. 4 Stonnen duerno ass et dann dunn op deen eichten Trainningslaaf gangen .
Resultat: ganz schlecht !!!!
Mettes dann no vill reieren wor ett dunn un der Zait fir den Opel sou richteg ze pengechen an et ass geschitt waat gescheien sollt.Ech hat et dunn Owes gepackt an wor elo eichten an der Coupe de la Belgique.
Daat huet dunn missten erem gefeiert ginn wei mir daat jo gewinnt sinn.
Resultat: ganz schlecht !!!
Fortsetzung vun Bommerée kein dann glaich no.

RE: Coupe de la Montagne en belgique
in Racing am Ausland 29.08.2012 13:09von Hillracer • 5 Beiträge
Résumé vun der Biergcourse Bommeréé
Nodeems ech samsdeg Mueren um 10.Auer vun der Côte d'Azur erem wor ,ass ett glaich op Bommerrée gangen.
Frei am Bett ass et dunn Moies topfit mam Trainning lassgangen.
Duerch den Reen an rotzglaat wor et dunn mei gemellech den Bierg erop ,fir naicht futti ze maachen wei mei Frend Sam deen leider groussen Pesch haat an sech den Auto futti gefuer huet.
Mettes dunn ass et mei drechen ginn an ech konnt meng nei Slicken opleen,woumat Zaiten dunn komm sinn.
Owes wor ech dann dunn richteg gutt platzeiert an hunn mir een groussen Virsprong am Championat eraus gefuer.
Beschten Auslànnechen Tourenwohn huet halt erem missten gefeiert ginn ewei mir daat jo gewinnt sinn.
Resutat: Gaaanz schlecht !!!
Fortsetzung vun der lechter Biergcourse zu Houyet keint nom 10.September woubai ech awer elo schons kann soen :Do gett gefeiert an Resultat: Gaaanz schlecht ;-))


Dem Samchem sain Honda rullt erem an zu Houyet get en erem gebeetscht déi kleng Reisschossel !
Een gudden Trick vir ze schloofen as, Pänn als 1 an !!
Oder drénk nach 1,2,3 dat soll och klappen ,dat wees ech awer nemmen vum héieren soen !

RE: Coupe de la Montagne en belgique
in Racing am Ausland 10.09.2012 17:13von kein Name angegeben • ( Gast )

Wei versprach huet den Sam dann zu Houyet den Honda gebeetscht an zwar schons am eichten Trainning,wou sech dann erausgestallt huet dass mein Frend Dam deen lechten Weekend fir die Katz geschaff huet well hien dei deck Maueren vun Houyet schmaachen wor.
Soss wor et awer ganz Relax mat 20 Punkten Avance un dest Biergrennen gangen.
No enger 5 ter Platz am General vun den Tourenautoen war et dunn kloer dass ech dest Joer Coupe de la Montagne de la Belgique gewonnen hunn.
No enger chaotecher Preisverdeelung wou sie mech an der falscher Classe gruppeiert hunn ass nach Beier gedronk ginn an Meindes Mueres sinn mir dunn Heem gefuer.
Muss soen dass daat mir dest Joer richteg Spaass gemmach huet mat enger gudder Ambiance duerch Belsch ze fueren.
Den Samsdeg Nometteg ginn ech dann mat mengen Frenn op After Season party wou mir richteg vill Beier drenken waerten.
Prost dann Kammeradskien.

RE: Coupe de la Montagne en belgique
in Racing am Ausland 11.09.2012 19:13von kein Name angegeben • ( Gast )

Merci och dir an dem Annick fir dess Saison.
Wann all Mensch geng seng Spichten hei gen erzielen anstatt emmer ze reklameieren dann wir hei um Forum mol eng lass.

|
![]()
Das Forum hat 60
Themen
und
191
Beiträge.
|
![]() | Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen |