Foren Suche

Suchoptionen anzeigen
  • biergsaison 2012Datum10.01.2012 09:06
    Foren-Beitrag von pawel im Thema biergsaison 2012

    Gudde Moien,

    Ech denken dass villäicht den EM-Laaf vun Tréier duerch en aneren EM-Laaf sollt ersaat ginn. Elo ass deen an der Schwäiz nach am Nootsten. Mir waren eng Kéier dohin e Rallye kucken, Moies dohin, Owes zréck. Daat waren sou ca gutt 300 km iwwert e Col duerch Vogesen. Ob ech des Entscheedung gutt fanne kann ech dir awer mat engem kloeren NEE beäntweren.

    Mir hunn säit laangem erëm vill lëtzebuerger Piloten déi mat net all ze groussem Budget Biergcourse fueren a wann een da muss bis ob Osnabrück an an d’Schwäiz rennen ass de Choix séier gemaach. Mir hun schon vill Reaktioune gemailt kritt an no den eischten
    Ermëttlunge geet daat do mam Kalenner ganz rapid erof. Waat och sécher ass dohi filme kënne mir och net goen, daat sprengt de Budget fir eng ganz Rei aner Coursen. Et ass eigentlech esou, dass mir dann déi Weekend’er aner Manifestatioune wäerte filme goen, wou mir kee Congé, Budget an Zäit mussen opferen .

    Idem mam Rallye, kee Laaf an der Belge an de Rallye de la Chataigne …… naja gitt mol kucke waat déi lescht Joeren do gelaaf ass ….! Mir wäerten do och net sinn. Wann et ee franséische Rallye muss sinn, et ginn der jo nach am Juli/August an de Vogesen an och bei Lille sinn baal all d’nationale Epreuve’en op fir auslännesch Piloten.

    Allerdings brauch keen ze fäerten, mir sinn nach wie vor fir d’lëtzebuerger Organisateuren a Piloten do! Mä et wärt awer ganz sécher net méi sou sinn wei déi lescht Joeren, dass mir iwwerall op all Epreuve am Ausland wäerte présent sinn fir e Reportage ze maachen, daat schléit och fir eis ze vill an de Budget an an de Congé!

    Villäicht gesäit een sech jo dann zu Chambley, um Stock Car oder an der Belge ob engem Rallye oder enger Biergcourse?

    Pawel

  • Championnat national MUL 2012Datum09.01.2012 17:03
    Thema von pawel im Forum Motocross

    25 / 3 Sandweiler-9/4 Hoxberg-1/5 Kopstal-6/5 Fischbach-28/5 Niederwürzbach-10/6 Bockholtz -23+24/6 Reil-5/8 Kopstal-23/8 Warndt-7/10 Dudelange

  • Rallye HosingenDatum31.03.2011 10:12
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Rallye Hosingen

    Gesin de Carlo as elo online .Bas de de Week mat der Kamera ennerwee oder get an d'pedalle getreppelt

    Wei gesait et aus Steve as dem Evo X ; erem fit fir de Weekend ?

  • d'Startnummeren vun de letz.Teamer (ouni Garantie) !!

    7 Streicher-Bellantuono Mitsubishi Ev0 9
    15 Zimmer-Lanners Evo 10
    62 Blom-Arend Citroen C 2
    63 Fernandes-Brücker Citroen C 2
    64 Kellen-Hoffmann Fiesta R 2
    72 Weydert-Foxius Peugeot 206
    92 Lanners-Wanderscheid VW Golf
    93 Christen-Tousch Corola Ae 86

    fehlt just nach d'Nummer vun Lottin Kennet( Audi TT ) dien mat letz.Lizenz fiirt
    dem Claude Streicher sain neien Auto fand dir hei


    Ech wär frou wann e Meinden Piloten gingen e puer Wieder hei an de Forum schreiwen wei hir Course verlaaf ass , ech brauch dei Infoen fir a) d'News b) fir de Reportage um DOK . Et get och per mail ennert dokmotorsport@live.com

    all Pilote oder Fan kann och roueg hei Fotoen oder Filmer an de Forum setzen egal ob se mat engem Handy oder engem professionellen Apparat gemaach sin , Haaptsaach mir hun eppes ze kucken

    Pascal

  • Wien as daat ?Datum15.03.2011 09:41
    Thema von pawel im Forum Evénementer (Racing Sh...

    ???

  • Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000Datum28.02.2011 09:36
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000

    Hun vum Hillracer eng Foto gemailt kritt fir hei an der Forum ze setzen

    Daat ass dem El Présidente (Romain Gantrel) seng Biitchen am Joer +/- 1990

  • Rallye HosingenDatum28.02.2011 09:21
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Rallye Hosingen
  • Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000Datum19.02.2011 12:05
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000

    3 Photoen
    Mam Mitsubishi EVO 3 d'Team: Gansen -Heiderscheid (Rallye of Europe 99 )
    Opel Astra Ducal d'Team Koutenko-Bley (Rallye of Europe 99)
    Opel Astra d'Team Clause -Goeres (Rallyesprint Ermsdorf)

  • Thema von pawel im Forum Racing am Ausland

    Engagement & Reglement hei

  • Tour de Luxembourg 1979Datum07.02.2011 08:12
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Tour de Luxembourg 1979

    Dei eischt Fotoen missten ob der Horrace sin , ? Do war ech schon och als Zuschauer (awer nach ouni Kamera ) derbai.

  • Videoen aus dem youtubeDatum03.02.2011 12:40
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Videoen aus dem youtube

    a vive an den Alcooltest mat dem Fuerer ....

  • Videoen aus dem youtubeDatum14.01.2011 12:04
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Videoen aus dem youtube

    A propos Leitplanken...Video bis zum Schluss kucken

  • Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000Datum13.01.2011 10:52
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000
  • Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000Datum13.01.2011 09:39
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000

    Lorentzweiler 1992

  • Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000Datum13.01.2011 08:21
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Fotoen & Videoen bis d'Joer 2000

    Stemmt de Felix haat ech mol net erkannt um Bild,muss mol doheem kucken dass De Scanner erem geet dann posten ech mol e puer flott Biller
    @ MRS du hues jo bestemmt och e flotten Archive do keint een och mol hei eppes ze kucken kreien

    pawel

  • Videoen aus dem youtubeDatum06.01.2011 07:15
    Foren-Beitrag von pawel im Thema Videoen aus dem youtube

    Do fehlt just nach hell greng Faarw drop

  • Regelen ForumDatum04.01.2011 11:45
    Thema von pawel im Forum Regelen Forum

    Salut leiw Frënn , mir testen eng zweet Keier e Forum ob eisem site.

    Ech hoffen dass ech net brauch mat Passwieder ze schaffen an dass all Mensch sech bessen un d'Regelen hält.

    De Forum get direkt supprimeiert wann dest net de Fall as.

    Fir e Beitrag ze posten soll en sain richtegen Numm oder bekannten Spetznumm ugin soss get de Beitrag gelescht.

    Et geet och wann een am Forum well onbekannt bleiwen , dann muss e mir awer mailen fir ze soen wien een ass

    Mir wellen pro Automobilsport schaffen an durfir soll och keng onberechtegt Kritik geschriwen gin .

    Flott Fotoen a Filmer sin och fraigeschalt an mir sin frou fir all flotte Moment.

    Ech sin de Pawel hei am Forum


    Pascal

  • Racing zu LëtzebuergDatum04.01.2011 08:13
    Thema von pawel im Forum Racing zu Lëtzebuerg

    Mat Vollgas an eng nei Saison

Inhalte des Mitglieds pawel
Beiträge: 19
Geschlecht: männlich

Besucher
0 Mitglieder und 3 Gäste sind Online

Wir begrüßen unser neuestes Mitglied: lesa
Forum Statistiken
Das Forum hat 66 Themen und 283 Beiträge.

Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz